LE CAW KIDS’ CAW

Les artistes

Roller Jeannot

Formation

  • De Jeannot Roller, gebuer de 17. August 1949, war bis zu senger Pensioun Instrukter am Lycée Technique du Centre. Hien ass Sculpteur a schafft am Eisen, also Konschtschmatt. Hie wunnt zu Hielem. Hie schreift selwer (frei iwwersat) op der Invitatioun fir eng Ausstellung vum 8. November 2002: Zanter menger Jugend war ech frou mam Zeechnen. Ech hu mech fir den Enseignement entscheet nodeem ech 12 Joer an enger Privatentreprise als "Outilleur" geschafft hunn. Zanter 25 Joer ënnerriichten ech d'Schweessen an d'Konschtschmëtt am Lycée technique du Centre. Vun den 90er Joren un, hunn ech meng éischt Skulpture geschaf. Dat ass eng Passioun, eng Leidenschaft ginn. Am Metall schaffen, virun allem am Stol, verlaangt eng grouss kierperlech Ustrengung. Dat verschaaft mer Entspanung a Gläichgewiicht an enger Gesellschaft déi Stress bréngt an net vill Wäerter huet. Doduerch datt ech zu Lissewege mat 50 Sculpteuren aus verschiddene Länner matman, hunn ech vill geléiert. Ech hunn dat Figuratiivt léiwer, déi ronn a weiblech Formen. Well ech zanter kuerzem mäin eegenen Atelier hunn, kann ech elo fräi an ouni Zwang schaffen. "Wikipedia"

Expositions

  • 14.09-01.10.2023 30 ans Sculptures Jeannot Roller

Contact

S'inscrire à notre Newsletter